Däin Netzwierk – sécher, séier, leeschtungsstaark a personaliséiert

SecSelS leet grousse Wäert op Sécherheet. Dofir installéiere mir, op Wonsch, och eng Firewall fir däin Netzwierk. Des ass an hirem Verhale upassbar an op deng Besoinen zougeschnidden. Duerch personaliséierte Regelen entscheets du wien Zougang zu wéi enge Ressourcen an dengem Netzwierk huet. Zousätzlech kanns du personaliséiere wien mat wéi enger Bandbreed surft, Internetzäite fir deng Kanner setzen a vill méi! Sou kanns du ganz entspaant an dengem Netzwierk schaffen.

Eis Netzwierkinstallatiounen erméiglechen dir vill méi séier um Internet ze surfen wéi déi typesch Standardrouter déi normalerweis vun Internet Ubidder geliwwert ginn. Sou gëtt de Film- oder Spillowend doheem en absolute Genoss! Deng wichteg Dokumenter aus der Cloud sinn och méi séier fir däin Business verfügbar. Kee lästegt Waarden méi, all deng Donnéeë kënnen a Sekonne mat just engem Klick zougänglech a geännert ginn.

Kenns du d’Gefill datt nëmmen eng Persoun mam Internet verbonne ka sinn, well soss géif et sech ophänken oder ganz lues ginn? Domat ass elo Schluss. Mat eisen Netzwierkinstallatiounen kanns du gläichzäiteg mat denger ganzer Famill, denge Matbewunner oder denge Mataarbechter um Internet surfen a jidderee kritt déi Leeschtung déi se brauchen. Op dës Manéier kanns du däin Internettarif am beschten notzen, Wifi Empfang am ganze Haus hunn an ëmmer déi bescht Leeschtung kréien.

Däin Reseau gëtt genau op deng Besoinen ugepasst. Ofhängeg vun der Aart vun der Notzung, der Zuel vun de Benotzer oder der Plaz vum Gebai, schaffe mir mat dir zesummen fir ze bestëmmen wéi eng Apparater an Internettariffer am Beschten denge Besoinen entspriechen. Wanns du wëlls, installéiere mir all Hardware fir dech, oder du kanns déi fäerdeg programméiert Deeler kréien an se selwer installéieren. Bei eis leit alles an dengen Hänn!

En Netzwierk, daat sengesgläichen sicht

Doheem

Ass däin Internet ze lues oder kanns du deng Filmer net ouni Ënnerbriechung streamen? Mir installéieren dir däin Dramnetz fir datts du deng Zäit mat denger Famill doheem ongestéiert genéisse kanns.

Business

Vertrau op eis Netzwierkinstallatiounen sou datt all deng Mataarbechter sech op hir Aarbecht fokusséiere kënnen ouni duerch Internetverbindungsfehler ofgelenkt ze ginn. Schlo dech net méi mat Probleemer rem, déi einfach ze léisen sinn.

Upgrade oder Nei-Installatioun

Mir upgrade däin aalt Wifi-Netzwierk oder bauen et vun Null un, wat dir e besseren a méi séieren Zougang zum Internet gëtt. Mir loossen all deng Internet Dreem wouer gin.

Mir sinn ëmmer do fir deng digital Besoinen!
Mat Kreativitéit, Innovatioun a Persistenz hëllefe mir dir beim Ofhiewen!
Looss eis ufänken!