Homepage

Software mat Léisungen deenens du vertraue kanns – vu Smart Home bis Websäit

Neiegkeeten a méi

Mat eiser Software an Hardware implementéiere mir Léisunge fir alldeeglech bis komplex Problemer.

Wat eis Clienten soen

Software, Websäit, Smart Home, Netzwierk, Wireless LAN

Wéi mir eise Restaurant opgemaach hunn, hunn mir no enger Firma gesicht fir eis Websäit ze bauen an eng fir sech em eist Netzwierk ze këmmeren. Mat SecSelS hu mir béid an engem fonnt. Eis Websäit gouf genee no eisen Iddien ageriicht an d’Netzwierk gouf mat héichwäertege Produkter stabiliséiert an ausgebaut . Wann et Problemer gëtt, ass SecSelS ëmmer do! Eng super Erfahrung!

Software, Websäit, Smart Home, Netzwierk, Wireless LAN

Als laang etabléiert Firma hate mir jorelaang eng Websäit déi vun engem bekannte grousse Konzern zu Lëtzebuerg bedriwwe gouf. Onzefridden mat hirer Leeschtung, hunn mir ronderëm gefrot fir eng käschten-effikass Alternativ a koumen op SecSelS. Begeeschtert iwwer hir Aarbecht, Motivatioun a Clientsfrëndlechkeet, hu mir decidéiert eist Vertrauen an hinnen ze setzen a sinn net enttäuscht. Nieft der Websäit hu mir och eise Mailsystem geännert an dank SecSelS hu mir elo eng eegen Domain!

Software, Websäit, Smart Home, Netzwierk, Wireless LAN

SecSelS huet eis Websäit entworf. Et huet net vill Zäit gedauert vun der Planung bis zur fäerdeger Ausféierung an all eis Wënsch goufen opgeholl. Iwwerzeegt vun der fantastescher Aarbecht, hu mir SecSelS och mat eiser Netzwierkinstallatioun beoptragt, mat där mir extrem zefridde sinn.

Software, Websäit, Smart Home, Netzwierk, Wireless LAN

Jiddereen deen mengt datt SecSelS just eppes fir Geschäftsleit ze bidden huet, deen iert sech gewalteg. Déi fäerdeg Internet-Léisungen, déi vun den heemeschen Maart-Leader ugebuede ginn, hunn net iwwerall zefriddestellend geschafft. SecSelS lauschtert no, denkt driwwer no, liwwert Informatioun, mécht eng attraktiv Präiss-Offer, erkläert dat Onverständlecht op eng Manéier, déi och fir den totalen Laie verständlech a kloer ass, a soubal eng optimal Léisung fonnt gouf, fänkt d’Ëmsetzung séier un. A wa Froe optauchen, geet e kuerze Message duer an alles ass a kuerzer Zäit nees kloer. Fir mech ass et kloer: SecSelS kann dat maachen wat anerer net kënnen. Dës Firma ass do fir seng Clienten. Egal ob et eng grouss Gesellschaft oder e privaten Haushalt ass… Einfach super!

Dr. Heide Diernegger

Eis Prozesser produzéieren déi bescht Resultater

1. MEETING

Als éischt analyséiere mir wats du brauchs. Du kanns eis zu all Moment digital oder perséinlech treffen! Sou kënne mir deng Léisung optimal op dech upassen.

2. PLANNING

Elo wou mir all d’Fakten wëssen, plangen mir deng Léisung suergfälteg duerch. Also hues du ëmmer e vollen Iwwerbléck iwwer deng Käschten an erliews keng désagréabel Iwwerraschungen!

3. EXECUTIOUN

Wann alles fir dech funktionnéiert, gi mir direkt un d’Aarbecht. Mir wëllen keng Zäit verschwenden fir datts du eis Léisungen direkt benotze kanns!

4. TESTER AN IWWERPRÉIWUNG

Den éischten Entworf vun denger Léisung ass fäerdeg. Iers du et benotzt, testen mir et detailléiert zesummen an du kanns all deng Ännerungsufroe stellen!

5. LIWWERUNG

D’Zäit ass komm, däin Produkt ass prett! Elo kanns du alles benotzen, et denge Frënn a Kollegen weisen an eis Léisung fir dech schaffen loossen.

Mir sinn ëmmer do fir deng digital Besoinen!
Mat Kreativitéit, Innovatioun a Persistenz hëllefe mir dir beim Ofhiewen!