Treff eis op der Home Expo 2023!

Vum 5. bis den 8. Oktober 2023 hues du d’Méiglechkeet eis ze begéinen a mat eis iwwer eisen innovativen Smart Home System ze schwätzen. Fir d’éischte Kéier huelen mir un der Home Expo deel a presentéieren hei zu Lëtzebuerg eisen “SecSi Energy Monitor”, dee mir mat eisen oder bestehend Smart Home Léisunge kënne verbannen. Zesumme mat eisem neie Partner Hatrix Electronics hu mir dësen Energieverfolgungsapparat entworf, programméiert a produzéiert. Op der Foire hues du och d’Méiglechkeet méi iwwer Hatrix Electronics gewuer ze ginn an deng Hardware Iddien mat eisem Partner ze realiséieren. Mir géifen dech gären bei der Realisatioun vun denge Hardware- a Software-Dreem ënnerstëtzen an dech op dengem Wee dohinner begleeden. Schwätz eis einfach un! Mir beäntweren all deng Froen um Stand 8A66 a freeën eis dech do begréissen ze kënnen!

home expo 2023
home expo 2023