An dësem Artikel wëlle mir dir eise Smart Home Koffer virstellen. Mir hunn en mat e puer vun eise beschten Technologien ausgestatt, déi mir an eis Smart Home Léisungen integréieren. Eise Koffer funktionnéiert onofhängeg an du kann während denger Berodung en éischten Androck vun der Funktionalitéit vun dengem zukünftegen Smart Home kréien. Mir weisen dir wéi d’Kontroll-App ausgesäit, datt all Liichtschalter an Ouverturessensor, egal wéi eng Mark, ka benotzt ginn an duerch eng eraushuelbar an transparent Plack kanns du gesinn wéi d’Verkabelung hannert denge Schalter ausgesäit. Sou wees du genee wats du vun eis kriss.