D’Ëmwelt ass wichteg fir eis ganz Equipe, dofir konzentréiere mir eis op Nohaltegkeet. Mir hunn decidéiert sou vill wéi méiglech ouni Pabeier ze schaffen. Zum Beispill kréien eis Clientë all Offeren a Rechnungen digital a kënnen se och digital ënnerschreiwen. Zousätzlech sinn eis Visittekaarten och digital, dank HiHello.

Mir vertrauen och op eise Partner netcup. Dëse benotzt Elektrizitéit aus der Waasserkraaft fir den CO2 Emissiounen entgéintzewierken an energiespuerend Hardware gëtt och benotzt. Hei kanns du méi doriwwer liesen: netcup.de

Eisen Smart Home kann dir och hëllefen Energie ze spueren.

Mir hoffen domat e klenge Bäitrag zum Kampf géint d’Deforestatioun an d’Klimakris ze leeschten. Mir probéieren esou d’Liewensraim vun Déieren a Planzen ze schützen an d’Äerderwiermung e bëssen ze stoppen. Dat läit deelweis dorunner, datt wann Beem ofgeschnidden ginn, den Treibhausgas CO2, deen duerch d’Fotosynthese absorbéiert gëtt, an d’Loft flücht an d’Äerd weider erhëtzt.