Nei Smart Home-Léisung vun SecSelS als Open-Source verëffentlëcht:

SecSelS – Secure Selfhosted Software huet et sech zur Aufgab gemaach, den Alldaag vun sengen Clienten, mat Hëllef vun den modernsten Technologien, ze vereinfachen. Am Hinbléck op déi aktuell Energiekriis huet sech d’Entreprise mat der Froo beschäftegt, wéi den Consommateur säin Energieverbrauch besser am Aae behalen an soumat reduzéieren kann. Eraus komm ass, eng intelligent Smart Home-Léisung, déi gläichzäiteg och déi éischt “Open-Source”-Uwendung ass, déi allen Interesséierten gratis zur Verfügung steet. Daat bedeit, dass SecSelSsech dozou entscheed huet, déi gesamt Hardwareentwécklung ze verëffentlechen, soudass och aaner Firmaen an Privatleit d’Méiglechkeet hun se ze notzen an se an hirem Alldaag ze integréieren.

Eng absolut Neiegkeet zu Lëtzebuerg: SecSelS huet schon déi komplett Naupläng vun senger ganz neier Smart Home_uwendung op sengem GitHub-Kont verëffentlecht. Entwéckelt gouff d’Hardware vum Apparat ënner enger Lizenz, déi, wann een den Numm nennt, och eng komerziell Notzung erlaabt. Den Quellcode, deen fir d’Notzung vum Apparat gebrauch gëtt, ass schon op dem Kont verfügbar. Duerch dësen sougenannten Open-Source-Prinzip kënnen d’Hard- an SOftware vun Privatpersounen, mee och vun Konkurrenten weiderentwéckelt an verbessert ginn. “Zesummen wëll SecSelS mat senger Entscheedung d’Entwécklung fräi ze gin, hëllefen d’Energiekrise smart ze iwerwannen, an fir d’Zukunft en nohaltëgt Lierwen fir all d’Lëtzebuerger an weltwäit ze erméiglechen”, sou den Bernhard Franco, CEO an Grënner vun der Firma.

Opwuel zu Lëtzebuerg schon déi meescht Zieler dofir gemach gouffen d’Daten digital ofzeliesen, gëtt et am Moment nach keng notzerorientéiert Léisungen, déi et erméiglechen d’Daten an d’Netzwierk, an Smart Home-Technologien oder an Firmaen ze schecken, fir se do ze veraarbeschten an auszewärten. An am Fall wou den Notzer en héichen Verbrauch festellt, mee selwer net op der Plaatz ass, ass et fir heen méiglech, déi entschpriechend Géigenmoosnamen anzeleeden. Doweinst huet SecSelS en System entwéckelt, daat wann néideg autonom agéieren kann. Dozou missten d’Stroumzieler kënnen mat Smart Home- oder Smart Building-Apparater verbonnen gin.

D’Smart Home Energie “Monitoring” vun SecSelS

D’Léisung vun SecSelS erlaabt et, mat “SecSi-Energy”-Moitoren en ganzt Haus, en Appartement, oder souguer en ganzen Büroskomplex ze steierenan den Energieverbrauch ze miessen. Ugewisen gëtt dobäi net nëmmen den allgemenge Verbrauch vum ganzen Gebäi, mee bei voller Leechtung, och den Verbrauch vun all eenzel Apparat an souguer déi produzéiert Energie (wéi z.B. duerch Solarpanneauen). Den “SecSi” Smart Home-System kann iwer all internetfähegen Apparat, deen eng digital Anzeig huet (Handy, Coputer, Tablet) gesteiert an kontrolléiert gin.

Eng käschtengënschteg Léisung fir Energie ze spueren.

Fir d’Installatioun ze erliichteren an méi gënschteg ze sin, huet SecSelS eng Method ausgeschafft, déi et erlaabt, en ganzt Haus fir en Zéngtel vun den Käschten vun konventionellen Smart Home-Systemer ze automatiséieren. Well keng zousätzlech Kabelen mussen verluecht gin, ass et mat SecSelS méiglech ouni Problem och méi aal Haiser ze automatiséieren. Daat neit Board kann ouni Problem an bequem op shop.secsels.com bestallt ginn an gëtt – wann néideg – vun SecSelS installéiert.

Mossgeschneidert “all-in-one”-Léisungen fir digital Ufuerderungen

SecSelS versteet sech als villsäiteg kompetent “Full-Service-Company”, déi sech op Digitaliséierung, Fairness an Nohaltegkeet fokusséiert. Se bitt hiren Clienten eng Villfalt vun Dëngschtleeschtungen un, wéi z.B. allgemeng Beroodung an Hëllef bei Froen zu Innovatiounen, Käschteneffizienz an Zäitmanagement. Doriwer eraus këmmert sech SecSelS em Netzwierkinstallatiounen vun méi neier an méi eelerer Bauart an bitt zesummen mat sengen Partner och Smart Home-kompatibel Alarmanlagen an Rauchmelder (inklusiv Programméierung an Installatioun) un.

Firmaen, déi digital up-to-date bleiwen wëllen, kënnen vun SecSelS ënnerstëtzt gin mat Businessberoodungen, der Schaung vun engem Firmenlogo, souwéi praktescher Beroodung iwer Digitaliséierung, automateschen Rechnungssystemer, Online-Shops, “poit of sales”, Lagerverwaltungssoftware an villem méi. SecSelS huet sech dozou entscheed, déi komplett Baupläng vum “SecSi Energy Monitor” op sengem GitHub-Kont ze verëffentlechen. Den Quellcode fir d’Notzung vum Board, souwéi all d’Baupläng sin schon iwwer dësen Link verfügbar: https://github.com/SecSelS/SecSi-Energy-Monitor