Dir hudd sécher schon vum “SecSi Energy Monitor “héieren – daat neit Gerät vun SecSelS mat deems du dein Stroum-, Gas- an Waasserverbrauch an Erzeugung net nëmmen tracken kanns, mee mat sengen Accessoiren och deng Wärmepumpe an villes méi steieren an miessen kanns. De leschte Schrëtt virun der Produktioun war d’Erfëllung vun allen wichtegen Ufuerderungen vun den europäeschen Richtlinnen fir d’Ubréngen vum CE-Marquage. Fir d’Testung vun den définéierten Sëcherheets- an Leeschtungsufuerderungen hun mir eis fir TÜV SÜD entscheed, well dësen souwuel fir ausgezeechent Qualitéit steet, wéi och daat bescht Equipement zur Verfügung huet, fir eisen “SecSi Energy Monitor” op Häerz an Nieren ze préifen. Natierlech ass et eisen Unsproch, och den strengsten Qualitéitsufuerderungen ze entspriechen an hun eis doweinst entscheed eiesen Apparat nom strengsten Moosstab préifen ze loossen. Doduerch ass den “SecSi Energy Monitor” net nëmmen fir privat Haiser, mee och fir den Asaatz an der Industrie geeegent! Duerch dës aussergwéinlech gudd Resultater hun mir sëchergestallt, dass den “SecSi Energy Monitor” wierklech fir jideree do si kann. Mir schaffen mat Héichdrock dorun eisen Stock opzefëllen an sin gläich mat neien Apparater fir dech do. Du kanns dech an der Zwëschenzäit schon fir den Erhalt vun engem Apparat registréieren, andeems du folgend Schrëtt ënnerhëlls:

1) Gí op shop.secsels.com.
2) Klick uewen riets op den Button „Aloggen“.
3) Sich den Button „Ech hun nach kee Benotzer“ an lee däin neien Benotzerkonto un.
4) Géi op d’Haaptsäit an wiel den „SecSi Energy Monitor“.
5) Klick op „Save for later“ an gëff direkt benorichtët wann mir eisen Apparat fir dech op Stock hunn.