„Waart net. Den Zäitpunkt wärt ni ‚genau richteg‘ sinn.“ ~Napoleon Hill

Iwwert ons

Eise Grënner interesséiert sech zënter senger fréier Kandheet un Technologie. Nieft senge juristesche Studien huet hien heiansdo Handyen, Computeren an Netzwierker fir Frënn a Famill reparéiert an installéiert. Nodeems hien a sengem eegenen Appartement en méi rentabelen a feature-räichen Smart Home installéiert hat, wéi déi, déi um Maart waren, huet hien decidéiert seng Léisunge fir anerer zur Verfügung ze stellen an huet seng Firma SecSelS gegrënnt. SecSelS steet fir Secure Selfhosted Software, daat heescht Software déi sécher ass a vun dir selwer gehost ginn kann. Dëst sinn Qualitéiten déi ganz wichteg fir de Grënner sinn, zesumme mat Käschteneffizienz an Eenzegaartegkeet. Den SecSelS-Team huet sech no an no ausgebaut a schafft och enk mat externen Déngschtleeschter zesummen fir hire Clienten dee beschtméigleche Service ze garantéieren. Mir sinn eng international Firma a mir déngen Clienten an ganz Europa.

Déi richteg Léisung fir jiddereen

D’Zefriddenheet vun eise Clienten ass fir eis dat Wichtegst. Dofir sinnall eis Léisungen un all eenzelne Client an seng Besoinen ugepasst. Fir eis sinn Wierder wéi Eenzegaartegkeet, Sécherheet a Professionalitéit net nëmmen eidel Verspriechen, si ginn fir eis Clienten och Realitéit!

Iwwert ons

Open-Source-Software

Dateschutzorientéiert, flexibel, lizenzkäschtefräi sinn nëmmen e puer vun de Virdeeler

Alles an dengen Hänn

Wa méiglech, benotze mir Open-Source-Software an eise Léisungen. Open-Source bedeit datt d’Software ouni Lizenzkäschten benotzt a geännert ka ginn. Ausserdeem ass et sécher, dateschutzorientéiert a ganz flexibel.

Iwwert ons

Doheem

Technologie fir sech gutt ze fillen an ze relaxen fir deng véier Maueren

Onlimitéiert Kreativitéit

Mir bidden dir personaliséiert Netzwierkléisungen, souwéi Smart-Home-Léisungen un, déi un däin Wunnraum a deng Bedierfnesser ugepasst sinn. Sief et Al- oder Neibau, eiser Meenung no ass den Alter vun engem Haus kee Grond fir deng véier Maueren net ze moderniséieren.

Iwwert ons

Business

Technologie déi däin Liewen am Business zu engem absolute Genoss mécht

Effizienz op neiem Niveau

Et ass eis wichteg datt deng Firma glat leeft, dofir proposéiere mir dir Netzwierkléisungen déi op däin Business ugepasst sinn fir eng méi effizient Aarbecht. Mir gestalten däin kompletten Weboptrëtt, sou datt sech deng Clienten vum éischte Moment un vun denger Websäit iwwerzeege kënnen.

0%
WordPress Websäiten um Web
0
Entwécklungsstonnen
0%
Open-Source um Web

Mir sinn global an hu scho vill Clienten uechter Europa zerwéiert!

Mir liewen fir Kreativitéit, Intuitioun & Determinatioun

Mir sinn kreativ

Fir déi perfekt Veraarbechtung vun dengem Projet z’erméiglechen, loosse mir eis Kreativitéit fräi lafen. D’Léisunge fir eis Clientë ginn individuell no denge Besoinen ausgeschafft.

Mir hunn Intuitioun

Mir wëssen genau wat eis Clienten wëllen. Fir datt awer net alles op Intuitioun baséiert, wäerte mir am Viraus laang Konsultatiounen mat dir maachen.

Mir sinn determinéiert

Eisen Team schafft haart un dengen Projeten a mécht alles wats du dir virstells méiglech.

Mir sinn ëmmer do fir deng digital Besoinen!
Mat Kreativitéit, Innovatioun a Persistenz hëllefe mir dir beim Ofhiewen!