Firwat mir Secure Selfhosted Software (lëtz. Sécher Selwergehost Software) heeschen?

“Secure” well näischt op eiser Wichtegkeetsskala méi héich steet wéi d’Sécherheet. Et ass eis wichteg datt all eis Donnéeën an déi vun eise Clienten sécher sinn. Sécher vu Malware, Hackerattacke a sécher virum zoufällegen Läschen vu wichtegen Dokumenter.

“Selfhosted” well, wa méiglech, bidden mir eise Clienten un hiren eegene Server doheem ze bauen, fir datt se d’Méiglechkeet hunn all hir Donnéeën doheem oder an hirer eegener Firma ze späicheren an net op extern Hosting Ubidder vertrauen mussen. Wann awer trotzdem en Hosting Provider gebrauch gëtt, vertraue mir op d’Servicer vun eisem Partner netcup.de. Mir hosten och eis Websäiten a Servicer op Netcup a mir sinn extrem zefridden mat hire Servicer. Prinzipiell wielen mir nëmme Servicer an Ubidder fir eis Clienten aus, déi mir och an eiser eegener Firma benotzen, fir datt mir ëmmer genau wësse wat fir eng Qualitéit mir dir ubidden. Am Fall wous du dir denks, dat ass alles schéin a gutt, mee wat genau ass Hosting? D’Äntwert op dat ass ganz einfach. Hosting heescht datt iergendwou op der Welt, sief et bei dir doheem, oder an der Firma (am Fall vun Self-Hosting), oder sief et bei engem Provider, e Server steet, deen näischt méi ass wéi Späicherplatz fir deng Donnéeën. Zu all Moment mam Internet verbonne, gëtt et dir d’Méiglechkeetvun iwwerall op der Welt aus Zougang an voll Kontroll iwwer deng Donnéeën ze hun.

“Software” well mir haaptsächlech Software verkafen. Software sinn déi net-physesch Deeler vun engem Computer, méi konkret d’Computerprogrammer. Mir vertrauen haaptsächlech op Open-Source-Software. Open-Source bedeit datt d’Software fräi zougänglech a verännerbar um Internet ass an ouni Lizenzkäschte benotzt ka ginn. Sou ginn et keng extra monatlecht Käschte fir eis Clienten an du kanns deng Suen an aner Saachen investéieren.

Schlussendlech seet eisen Numm alles a mir si ganz houfreg ze soen datt SecSelS fir seng Clienten un alles geduecht huet.