Nei Smart Home-Léisung vu SecSelS als Open Source publizéiert:

SecSelS – Secure Selfhosted Software huet sech d’Aufgab gesat den Alldag vu senge Clienten mat Hëllef vun de modernsten Technologien ze vereinfachen. Am Hibléck vun der aktueller Energiekris huet d’Firma sech d’Fro gestallt, wéi eenzel Konsumenten hiren Energieverbrauch besser am Ae behalen an domat reduzéieren kënnen. D’Resultat ass eng intelligent Smart Home Léisung, déi och déi éischt Lëtzebuerger “Open-Source”-Uwendung ass, déi fir all Interesséiert gratis verfügbar ass. Dëst bedeit datt SecSelS decidéiert huet déi ganz Hardwareentwécklung ze verëffentlechen, sou datt aner Firmen a Privatpersounen et och benotze an integréieren kënnen!

Eng absolut Neiegkeet zu Lëtzebuerg: SecSelS huet schonn déi komplett Baupläng vu senger fonkelneier Smart Home-Uwendung op sengem GitHub-Account publizéiert. D’Hardware vum Apparat gouf ënner enger Lizenz entwéckelt, déi, wann de Numm genannt gëtt, och eng kommerziell Notzung erlaabt. De Quellcode deen néideg ass fir den Apparat ze benotzen ass schonn um Kont verfügbar. Duerch dëse sougenannten Open Source-Prinzip kënne d’Hard- a Software vu Privatleit wéi och vu Konkurrenten weider entwéckelt a verbessert ginn. “Mat hirer Decisioun d’Entwécklung ze verëffentlechen, wëll SecSelS.com hëllefen d’Energiekris smart ze iwwerwannen an en nohaltegt Liewen fir all Lëtzebuerger a weltwäit an Zukunft z’erméiglechen”, seet de Bernhard Franco, CEO a Grënner vun der Firma.

Och wann d’Majoritéit vun de Stroumzieler zu Lëtzebuerg scho konzipéiert ass fir d’Donnéeën digital auszeliesen, gëtt et momentan keng notzerorientéiert Léisungen, déi et erméiglechen d’Donnéeën an d’Netzwierk, un Smart-Home-Technologien oder un Betriber ze schécken fir se do ze veraarbeschten an auszewerten. An am Fall wou de Benotzer en héije Verbrauch bemierkt, awer net selwer opder Plaatz ass, ass et fir heen onméiglech passend Géigemoossnamen anzeleeden. Dofir huet SecSelS e System entwéckelt, dee wann néideg, autonom handele kann. Dozou missten d’Stroumzieler mat Smart Home-oder Smart Building-Apparater kënne verbonne ginn.

De Smart Home-Energie “Monitoring” vu SecSelS

D’Léisung vu SecSelS mécht et méiglech e ganzt Haus, en Appartement oder souguer e ganze Bürokomplex mat ” SecSi -Energy ” Monitore ze steieren an de jeeweilegen Energieverbrauch nozeverfolgen. Ugewise gëtt net nëmmen den allgemenge Verbrauch vum ganze Gebai, mee och dee vun all eenzelnen Apparater an esouguer d’Energie, déi produzéiert gëtt (wéi z.B. vu Solarpanneauen). De ” SecSi ” Smart Home-System kann mat all internetfähegem Apparat deen en digitale Display huet (Handy, Computer, Tablet) gesteiert an iwwerwaacht ginn.

Eng käschtegënschteg Energiespuerléisung

Fir d’Installatioun méi einfach a méi rentabel ze maachen, huet SecSelS eng Method entwéckelt, déi et erlaabt e ganzt Haus zu engem Zéngtel vun de Käschte vun konventionelle Smart Home Systemer ze automatiséieren. Well keng zousätzlech Kabele musse geluecht ginn, kënne mat SecSelS och ouni Problemer eeler Haiser automatiséiert ginn. Den neie Board kann bequem an einfach op shop.secsels.com bestallt ginn a gëtt, wann néideg, vun SecSelS installéiert.

Moossgeschneidert “All-in-all”-Léisunge fir digital Besoinen

SecSelS gesäit sech als villsäiteg kompetent “Full-Service-Company “, déi sech op Digitaliséierung, Fairness an Nohaltegkeet fokusséiert. Et bitt senge Clienten eng Vielfalt vu Servicer un, wéi z B. allgemeng Berodung an Hëllef bei Froen iwwer Innovatiounen, Käschteneffizienz an Zäitmanagement. Zousätzlech këmmert SecSelS sech ëm Netzwierkinstallatioune vun méi neien an eelere Bauarten a bitt zesumme mat senge Partner och Smart Home-kompatibel Alarmsystemer a Rauchmelder (inklusiv Programméierung an Installatioun) un.

Firmen déi digital up – to -date wëlle bleiwen, kënne vu SecSelS ënnerstëtzt ginn mat Businessberodung, der Erstellung vun engem Firmelogo souwéi praktescher Berodung iwwer Digitaliséierung, automatesch Rechnungssystemer, Online-Shops, “point of sales”, Lagerverwaltungssoftware a villem méi. SecSelS huet decidéiert déi komplett Baupläng vum ” SecSi -Energy -Monitor” op sengem GitHub-Account ze publizéieren. De Quellcode fir de Board ze benotzen an all d’Baupläng si schonn iwwer dëse Link verfügbar: https://github.com/SecSelS/Sec S i-Energy-Monitor